Transformers The Movie Various Artist Soundtrack

Dësst Joer also um genau ze sin den 8ten August 2016 feiert Transformers The Movie seng 30st Jubeläum. An wéi béi all Film, koum och nik nëmmen een mee méi Variatiounen vum Animatiounsfilm eraus ënner aanerem den Various Artists wou gréistendeels gesongen Lidder drop befannen an leider réichten méi spéid koum am Joer 2013 fir déischte kéier Offiziell vun Intrada den Score vum Transformers The Movie.
Den Transformers The Movie Various Artists Soundtrack wéi gesoeet koum an den baal läschten 30 Joeren an esou vill Variatiounen eraus als éischt koum den Soundtrack op Vinyl an Kasette am Joer 1986 eraus, méi spéidshin dann op CD. Mee ween denkt dass Produktioun domatter opgehaalen huet läit falsch an zwar fir den 20sten Jubiläum gouf den Soundtrack nees néi opgeluergt mat dem Various Artists Soundtrack an méi Tracks vum Score. An den Soundtrack koum am scheinen Comiclook gezeechent vum Don Figueroa deen déi Zäit deen Transformers Artist schlecht hin woar. Dann puer Joer méi spéid als Vinyl Placken lues awer secher rëm in goufen, gouf och den Soundtrack op eng Deluxe Editioun als Plack néi opgeluergt. Enn 2015 koum dann den Soundtrack nees op Vinyl eraus als eng Limitéiert RecordStoreDay 2 LP Versioun wou déi éischt Vinyl Roud gefierwt an den Autobot Emblem drop huet an déi aaner Mauve ass an den Decepticon Logo huet inklusives Gimmick ët kann een Verpackung Autobot oder Decepticon Themed ëmklappen an ass och vun dem Various Artist Soundtrack déi am aktuellsten.
Den Soundtrack kann sech mat vill coolen Tracks am 80er Metal behaapten an mat Ikonëschen Lidder wéi The Touch vum Stan Bush, Transformers Theme vun Lion oder soguer Dare to be Stupid vum Weird Al.
Obwuel den Soundtrack schon baal 30 Joer um Bockel huet an och esouvill nees néi opgeluergt gouf, altert den Soundtrack einfach nik an ween 80 Rock gären läuschtert soll dësen Soundtrack engkéier via iTunes oder Amazon eranzéihen.

 

Kommentar verfassen

%d Bloggern gefällt das: