Transformers Prime The Game

Spill spillt sech menger Meenung an der zweeter Staffel oof well den Breakdown am Spill nik vorhanden ass. Spill ass an verschidden Sprochen wählbar ech natierlech wählen ëmmer nëmmen English aus sou kann ech näicht zu den aaneren Sprochen elo soen ob et och aaneschters Sychroniséiert ass. An esou wéi ech héieren konnt ass op Englesch och den Original Cast wéi an der Transformers Prime TV Serie dobäi.
Grafik vum Spill ass aussergewéinlech gudd gemaach an wéisst schon Power vum 3DS waat deen esou kann. Déift vum 3D Effekt ass awer leider nik esou ausgeprächt wéi bei aaner Spiller wéi zum Beispill Zen Pinball Marvel Tables oder esou.
Spill an sech ass ziemlech kurz gehaalen, leider an wéi den opbau vum Storymodus erënnert een liecht wéi een Devil May Cry Spill an och den Opbau vun no enger Missioun tendéiert doropper hin, vielleicht ass et och well Spill vun Japaneschen Entweckler gemaach gouf. Boss Fight gesin schon nik schlecht aus mee sin nik wirklech schwéier ze beweltegen. Et mierkt een awer am Spill dass Transformers Prime eischter fir déi jonk Léit gemaach gouf an nik esou wéi den Transformers Fall of Cybertron waat och fir méi déi Erwuesen Spiller gemaacht gouf. No engem Boss Fight schaltet een deen jenigen fräi an kann mat deem géint den CPU oder online kämpfen an diversen Spill Modien. Ausser halt den Thunderwing deen kann een nik fräischalten.
Am groussen an ganzen ass et een gelongend Spill gin. An duerch Medaillen déi een fräischalten kann jeh besser een duerch den Level durchgangen ass hält een nach e beschen nodeem een Story ferdeg huet, matspillen fir all Medaillien halt fräizeschalten. Wann een héi kéint eng Bewertung gin géif ech dem Spill 4 vun 5 Energon Cuben gin.

Kommentar verfassen

%d Bloggern gefällt das: