Cons 8 den Daach firun der Convention

Mat vill Schwees an Nerven hun mir den Opbau gepackt, Uefank haaten mir gemengt mir hätten nik genou Dëscher fir all Händler an dann gouf och nach festgestallt dass een sech vum Sall Interieur vermoos haat, also koum schon ë bëschen Panik op, mee iergendswéi hun mir awer ët gepackt alles ënnerdaach ze kréien. Den éischten Händler huet sech och schon kurz drop gewiesen an huet sein Stand schon opgebaut. Ët woar den Bram Bossers wou ech och den G1 Box Reissue Megatron her hun. NTF-Toys an Tombola goufen och nach an dësem Daach schon opgestallt souwuel mein Privaten Stand.
No deem alles stung ass och baal zum Schluss den IDW Comic Colorist John-Paul Bove erschingen an mir also Cons Orga Team den Bram Bossers an sein Jung an den John-Paul Bove hun fir Owesiessen am Koplinghaus also an der Hall nach gees, ech zum mengem Deel haat een Schwengs Schnitzel mat Fritten an Rahmsooss, war nik schlecht mee kann engem gudden Steak nik Waaser reeschen. An als Dessert haat ech eng Dame Blanche gehaat, déi mol nik esou schlecht woar.

Kommentar verfassen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

%d Bloggern gefällt das: