Transformers Robots In Disguise #53

An dësem Heft gët ët kleng Réiwereien well Decepticons mat den Autobots engt Team gebildt hun fir den Galvatron ze stoppen. Mee den Optimus an den Soundwave hun awer hier Parteien recht gudd am Grëff, an ët kehrt rouh an Groupe eran. Just Arcee huet seng Problemer mat den Plang vum Optimus mee sie wéist ët awer nik richteg ausser béi dem stark verletztem Sideswipe. Mee och E.D.C ass nees bereet op joart ze goen. Mee och den Blackrock deen beim Galvatron als Geisel gehaalen gët schmiedet een Plang mam Skywarp fir sech aus den Fängen vum Galvatron ze befreien. Mee leider laafen dem Optimus an dem Soundwave seng Crew an een Hinterhalt, sie hun zwar verstärkung vum Victorion an dem Superion, mee leider och nik fir laang…Wougéint den Optimus an den Soundwave sech mat den E.D.C rëmploen mussen kënnt och nach leider aus der Spacebridge den Cybertronëschen Reporter mat sengem Filmpartner deen vum Starscream opgesaat gouf déi ganz Saach ze filmen an den Optimus an eng falscht Liecht ze setzen zu Cybertron. Den Galvatron benotzt dann déi ganz Technologie déi den Blackrock an senger demolegen Mënschenzäit gehaat huet op seng Decepticons an och Autobot Mitstreiter well duerch déi ganz Vernetzungen ass ganz d’Erd zu enger Enigma of Combination gin. An domatter kréiert hien den Galvatronus an den Sky Reign. Ass daat de recht fir déi restlësch Autobots ?
Dësst Heft ass nik nëmmen gäil gezeechent mee huet nees vill Action mee och Geschicht dran. Trotz dass wann een den Galvatronus aus der Unite Warriors Toyline kennt, ännelt dëss Versioun dem Galvatronus aus der Toyline keen Meter, waat ech perséinlech ë bëschen schued fannen, mee bon daat ass just een klengen Mangel. souwuel den Sky Reign ass nik aus den richtegen Komponenten erstaanen am Comic wéi an der Toyline. Mee am groussen an ganzen een richteg coolen Comicheft.

Kommentar verfassen

%d Bloggern gefällt das: