Masterpiece Grapple

Den Masterpiece Grapple ass nik nëmmen een Repaint vum Masterpiece Inferno, nee ët kann een schon Retool schwätzen, well säin Reckobau ass géigeniwer dem Inferno komplett aaneschters designt gin. An wéi den Inferno kënnt och den Grapple mat diversen Gesichtszügen an zwee verschidden Käpp déi awer jewelleg an der G1 Cartoon Serie firkomm sin, dobäi kënnt den Grapple awer och nach mat villen Cartoon Gimmicks, Och féiss sin aaneschters opgebaut wéi déi vum Inferno. Positiounméiglechkeeten sin trotz dem Retooling nik beschränkt gin an ët kann een wéi beim Inferno schon cool Posen erstellen. Waat och cool ass hien kënnt soguer mat engem klengen Blaat deen een an Hänn vum Grapple drecken kann an um Plang ass Skizz vum Solar Tower drop. Och den Modell vum Solar Tower ass cool gemach well ën och dem TV Serie Original  Tréi gemoldet ass. An huet ebensou kleng Gimmicks.
Mee den Masterpiece Grapple kënnt och rëm nees mat enger klenger Metallfigur dëskéier ass ët eng Gussnobildung vum Masterpiece Ultra Magnus.
Am groussen an ganzen sin ech extrem Iwerrascht well ech haat drop gerechnet dass ët méi een Repaint vum Masterpiece Inferno wär mee daat waat ech gebueden kruet hun ass wesentlëch besser an kann dëss Figur jiderengem empfehlen.

Kommentar verfassen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.

%d Bloggern gefällt das: