Takara Tomy Transformers Legends Overlord

Den Takara Tomy Transformers Legends Overlord kënnt nik just mat engem Headmaster nee hien kënnt mat zwee Headmasteren an ebensou mat zwee Gesichtszisch. Een méi Serieuxen oder grimmigen Look an een méi Arroganten Look, déi zwee Gesichtszisch ënnerscheeden sech och een huet eng méi breed gemoldet Nues an den Arroganten Gesichtszuch kënnt mat enger méi schmuler Nues. Den Overlord ass entre gimmet och een Triplechanger oder éischter een Quadchanger well seng Been verwandeln sech an een Panzer an sein Torso an een Futuristëschen Fliescher, dann verwandelt hien sech an een Roboter halt an den Overlord selwer an dann nach an eng Basis wou een hien mat den aaneren Leader also dem Legends Soundwave, Sixshot an ebensou mam Legends Trypticon uekoppelen kann.
Figur an sech ass extrem Beweeschlech an et kann een och recht cool Posen mat der Figur maachen. Och huet hien wéi den G1 Overlord an sengem Broschtkuerw den Gimmick vun den Powermaster Figuren, mee ech perseinlech woar ë bëschen enttäuscht dass den Legends Overlord mat zwee Gesichtszisch also Headmasteren koum anstatt engem Headmaster an zwee Powermasteren.
Mee bon ass just een klengen Mängel mee wann een Titans Return Figur nik esou gudd gefällt oder verpasst huet soll op Takara Tomy Transformers Legends Overlord Figur zougréifen an ech kann dëss Figur an ebensou Titans Return Versioun nëmmen empfehlen.

Kommentar verfassen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.

%d Bloggern gefällt das: