Transformers Tribute Evolution Pack Optimus Prime & Orion Pax

Den Transformers Tribute Evolution Pack mam Optimus Prime an dem Orion Pax ass een Set deen op een Aan nik ganz besonneg ass mee wann een méi no kuckt kann een erkennen dass den Titans Return Kup Mold een neinen Kapp kruet huet deem dem Orion Pax aus der IDW Serie zu mindest méi nobrengt. Ebensou ass den Optimus Prime een Repaint vun dem Generations War For Cybertron Optimus Prime Mold. Nik vill ass an deem Mold Foarwleg geännert gin ausser halt Waff ass Déischter Blo anstatt Schwarz an déi Hellroud téin vum WFC Optimus Prime sin an een Hellbloen Toun geännert gin.
Beim Orion Pax ass awer och den Autobot Emblem geännert an gesäit dem Autobot Emblem vun der Transformers Animated Elite Guard extrem ännlech. An wei et schon esou ass kënnt den Orion Pax och mat engem Titanmaster deen fir Hasbro Verhältnisser rëm nees nik schlecht bemolt ass.
Mee weiet leider esou oft schon den Fall ass somols bei Hasbro, wann sie Repaints vun bestoenden Figuren huelen geet och Qualitéit vun der Verarbëschtung vun den Figuren recht an getten…Vor allem gesäit een daat beim Orion Pax.
Den Orion Pax ass fir eng Delux Figur gutt gelenkësch woubäi den Optimus Prime well dëss Figur jo och schon recht puer Joer um Bockel huet wann ech mech nik ierren awer schon 8 Joer ass se leider och dementspriechend nik esou gutt an Pose ze stellen wéi den Orion Pax.
Am groussen an Ganzen sin Figuren awer ëmmer nach Top Figuren an kann se nemmen empfehlen. Trotz dass dësen Paack mech méi op den Orion Pax gehypt huet wéi op den Optimus Prime.

Kommentar verfassen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

%d Bloggern gefällt das: