Transformers Revenge of the Fallen (Xbox 360, PS3 & PC)

Spill ass vun engem aaneren Hersteller, Luxoflux. Spill huet och deskéier endlech eng Online Funktioun. Spill an sech as gudd gemaach den eezegen nodeel daat Spill huet ass dass een am Multiplayer emmer op der gleicher Stell gespawnt get an ebensou gesäit den Geigner och wou well et trellt een wei een Meteorid vum Himmel erof genausou wéi am Film waat zwar een coolen Gimmick ass mee den Geigner wees ongeféier wou du bass…

Grafesch ass et nach mei schein gin an den Soundtrack ass och net schlecht gemaach. Leider huet den Starscream net déi gläich Stëmm wéi am Film…

Den Gameplay ass deskeier och vill mei schnell gemaach well et geet op Zäit, jeh seier een den Level ferdeg huet desto besser an et krett een eng Medail am schluss enger Missioun, ausser wann een Zäit vun der Bronze Medail iwerschrett krett een näischt an et muss een den Level nachenkeier spillen. Deskeier kann een och mam Ratchet spillen an der Autobot Campaign an all Charakter huet verschidden Waffen op Lager. Wei den Sideways vun den Decepticons huet als secondär Waff Sniper, mee et kann een leider Waffen vun den Transformers wiesseln, sie sin am Spill firgin. Och hei ass d’Enn vum Spill e beschen aaneschters als déi vum Film awer vor allem op der Decepticons Campaign. Et kann een soguer een DLC um XBL eroflueden wou een puer Multiplayer Maps an puer G1 skins an Models krett.

Steierung ass wesentlech besser gemaach an et kann een elo vill méi schnell op Maueren kletteren an Gebeiher gin längst net mei sou schnell futti wéi am eischten Spill.

Mein Fazit zu desem Spill ass dass et een groussen Sprong gemaach huet geigeniwer dem eischten Spill. Trotz schechten Re-Spawn System ass Spill wirklech och hei gudd gemaach an et huet een schon e puer cool Stonnen virun sech.

 

Transformers

Geschicht konzentréiert sech vor allem op Menschen an wei sie mat der Invasioun emginn. No deem kommen reichten leider Transformers. Den Soundtrack vum Film ass vum Steve Jablonsky komponéiert gin an hält Spannung bis zum Enn Spektakulär. Den Sam Witwicky ass Haaptroll an deem Film, Geschicht erzielt wéi een jonken Student vun der Highschool säin eischten Auto krett, wees awer net dass daat een Transformers ass vum Planéiten Cybertron, deen hien beschützen soll geint Decepticons well hien een Artefakt vun sengem Urgrosspapp huet deen Lokaliséierung vum Allspark ueweisst deen firun laanger Zäit op d’Erd gestierzt ass samt mam Megatron den Anführer vun den Decepticons. Am laafen vum Film get Beziehung vum Sam an dem Mikaela méi grouss an wei all Liebesgeschicht verleiwen sech déi zwee zum Schluss. Mee un der Action fehlt et op kenges falls, et ass een Film fir jiddereen an net nemmen fir Hardcore Fans vun Transformers. Leider stierwen Decepticons an mengen aan e beschen ze schnell an dem Film an d’Enn ass fir een Transformers Fans ziemlech fir Kaatz… Mee trotz engem schlechten Enn an mengen Aan ass den Film trotzdem gudd emmgsaat gin an den Film soll an kengem Inventar fehlen.

Transformers The Album

Desst ass den Various Artist Album vun dem Transformers Film an dem sech gesongen Musiken vum Film dran sin an ebenfalls inspiréiert Lidder fir Transformers. Dessen Album ass net limitéiert erauskomm an doweinst kann een en emmer nach am Internet fir weneg Suen kreien.
Mein Fazit ass dass et net wirklech een sau gudden Album ass well just eng Handvoll gudd Lidder an desem Album fir mech perseinlech dran sin.

 

Transformers The Score

Komponéiert ass dessen Soundtrack vum Steve Jablonsky. Eigentlech sollt dessen Score et rauskommen, mee duerch eng Internet Emfro goufen anscheinend souvill Stemen gesammelt dass den Musikconcern sech breet schloen geloss dach endlich den Score erauszebrengen.
Fazit hien ass den beschten Score no dem Transformers The Movie Score an fir meng Oueren vun den Micheal Bay Film Soundtracken nach deen beschten am moment

Transformers The Game (Xbox 360, PS3, PS2 & PC)

Spill an sech woar just comme si comme ça kurz gesoet et woar net schlecht awer och net gudd. Grafesch woar et schon gudd gemaach, den Score woar och genial well en vum Steve Jablonsky komponeiert gouf, den Steve Jablonsky ass och den Komponist vum Score vun dem Transformers Film.

Den Gameplay woar interessant mee haat och puer Stellen dei extrem onfair woaren. Den Environement konnt een sou zimlech alles zersteieren. Mee do woar och ab und zou den Schwaachpunkt well Gebeier sin schon zesummengefall wann een just kurz drunkomm ass. Et haat awer och cool gimmicks mee een vun den beschten Gimmicks am eischten Transformers Spill woar dass den Shockwave schon an der Autobot Campaign op d’Erd komm ass. An an mengen Aan huet desst Spill an der Autobot Campaign een bessert Enn gehaat wei den eischten Film. Waat och schlecht gemaach ass dass d’Enweckler een baal GTA Gameplay maachen wollten mee daat net ganz durchgezunn haaten. Et haat keng Multiplayer Funktion.

Controls ass Miserable.

Mein Fazit zu desem Spill ass dass et just een Mettelmässegt Spill ass, den Score woar ganz gudd, Grafik war et och net schlecht mee daat woar et och schon.

23te International Comic Festival zu Contern

Ab den 16. an 17. Juli 2016 um 10:00 bis 19:00 ass ët ërem esouwäit, dann ass rëm Festival International BD Contern, trotz dass ët een Daach vun der Freet ass an villes rëm ze kaafen an ze kucken ass, ass dësst Joer een trauregen Event well een Animateur deen vun Uefank un dobäi woar gestuerwen ass dësst Joer… Nach een groussen Beileed un ganz Famille vum Verstuerwenden.
Ech perseinlech wert och rëm dobäi sin an probéieren bis dohinner nach ë puer Hidden Gems oder Liebhaber Stecker obzedreiwen, ech freen mech schon op ierg ze treffen an hoffen och ë bëschen Smalltalk ze hun.
Fir méi Informatiounen iwert den Festival International BD Contern gidd op www.bdcontern.lu.

Unite Warriors Convoy Grand Prime

Den TakaraTomy Transformers Unite Warriors Convoy Grand Prime ass déi Japanësch Versioun vum Combiner Wars Optimus Maximus, just dass dëss Versioun méi Detailléiert geigeniwer der Hasbro Versioun ass an dass den Sunstreaker méi Orange Geel ass an nik wéi Combiner Wars Versioun Zitroune Geel. Dobäi kënnt nach dass den Convoy also den Otimus Prime mat méi Detailer kënnt mee och am Kombinéierter Form den Beenfix kruet huet deen an der Combiner Wars Versioun nach nik dran woar oder besser gesoet woar ët een Fabrikatiounsfehler demols…
Trotz Beenfix ass meng Versioun ziemlech wackeleg op den Been…An fällt gären ëmm an wann der gudd kuckt dësen Combiner ass eigentlech méi Hui vun fir mee Pfui vun Hannen an leider ass daat ë beschen eng Krankheet vun allen Unite Warriors oder Combiner Wars ausser elo den Devastator deen gesäit dementspriechend nach bis elo deen beschten aus vun fir sowuel vun hannen.
Am groussen an ganzen ass ët méi een IDW Transformers Combiner Wars Comic Serie Gimmick an ech muss soen dass wann een elo keen IDW Comicline Fan ass dëss Figur definitive keen Muss.

Transformers More Than Meets The Eye #50

Bevor ech un zou dem Transformers More Than Meets The Eye #50 kommen héi een klengen Reckbleck zu enger bis lo mat vun den beschten Transformers Comicreihen iwerhaapt ass ausser dass den Author den James Roberts den „Robo-Gay“ agefouert huet mee ausser daat ass dëss Comic Reih einfach nëmmen Top.
Alles huet uegefaangen mat dem One Shot Comic Transformers The Death of Optimus Prime, wou sech Geschicht an zwou Geschichten gespleckt haat, Transformers Robots in Disguise geschriwen vum John Barber deen eng méi Intrigant Geschichtsarterweis erzielt wou den Autobotcode méi wéi engkéier gebrach gët an dann kënnt och schon Transformers More Than Meets The Eye déi vum gudden Mann James Roberts geschriwen gët an deen sech méi un klassesch Autobot Richtlinien hält.
Den Rodimus woar den éischten deen Lost Light mat senger Crew op Rees an Galaxys matgeholl haat no der Sich vun den Knights of Cybertron déi op dem Planéit Cyberutopia lierwen sollen, mat der Hëllef vun engem Deel vum Kristall deen an der Matrix Of Leadership woar an deen den Optimus Prime dem Bumblebee an dem Rodimus als läschten Geste als Autobot Anführer gemeet haat. Leider hun och ë puer gudd Autobots hiert Lierwen un dëser Rees geloss…
Ab dem Issue #28 huet den James Roberts Kaarten néi geluergt an huet Innovative mee och erfrëschend dass den Rodimus deen duerch eng Oofstëmmung vun senger restlecher Crew zum Oofdanken gefuerdert gouf an den Megatron gouf esou den neien Capitain vun der Lost Light. An der Lost Light koumen néi Crewmemberen vun aaneren Planéiten dobäi. Den Megatron ass esou ebenfalls ob der Sich no den Knights of Cybertron fir säin Gerichtsurdeel ze erhaalen ob hien fir seng vergaangen Taten zum Doude verutdeelt oder ob him verziehen gët an fräi gesprach gët. Den Ultra Magnus soll bis dohin dem Megatron nik vun der Säit wäichen bis d’Urteel verkündt ass. Duerch den neien Captain also dem Megatron sin Crewmemberen natierlech nik richteg begeeschtert an trachten nik just engkéier un dem Lierwen vum Megatron, mee trotz hin an hier den Megatron hält sech trotzdem wacker an héi fengt mein ech hoffen nik alt ze spoilereschen Review zu dem Transformers More Than Meets The Eye #50.
Transformers More Than Meets The Eye #50 ass een Jubeläumsheft fir Transformers Comicwelt an den James Roberts huet eng geballten Ladung un intensiven Momenten dran erzielt vor allem fonnt ech deen deel extrem gudd wou ët iwerraschenderweis Intrigant gët, waat een eigentlech nëmmen béi Transformers Robots In Disguise kennt, extrem erfrëschend an ech perseinlech hun daat nik kommen gesin.
Ech freen mech schon an hoffen och ob déi nexten 50 issues zu Transformers More Than Meets The Eye.

Masterpiece Rodimus Convoy

den Masterpiece Rodimus Convoy, hien kann sech als Hot Rod an als Rodimus Prime verwandeln souwuel kennt hien och nach mat sengem Trailer an deen kann sech och nach an eng Kampfstatioun verwandeln sou wéi sein G1 Original. An sengem Broschtkuerf huet hien och Matrix of Leadership dran ass awer aanerscht modeleiert als dei vum Masterpiece Convoy an ebensou ass se mei kleng.  Hien huet leider esouwuel wei all déi aaner Masterpiece Stecker nom Convoy an Ultra Magnus just minim Diecast daat heescht daat meescht vun der Figur ass aus Plastik.

Masterpiece Hot Rodimus

Den Masterpiece Hot Rodimus och bekannt am Transformers The Movie als Hot Rod ass wirklech eng cook an verbessert Versioun vum Masterpiece Rodimus Convoy deen och als Hot Rodimus sech verwandeln konnt. Den neien Masterpiece Hot Rodimus kënnt mat ë puer Gimmicks aus dem Transformers The Movie, Fëschaangel, seng Handsee sein Visor an hien kann soguer Matrix of Leadership vum MP10 Convoy an sein Broschtkuerw maachen. Verdéischt hun ech geduergt sein Reck géif dem Roboter schueden, Trotz dass ët nik total ideal ass kënnt ët dem Hot Rod aus dem Transformers The Movie vill méi no an hien ass vill méi Robust wéi déi éischt Versioun vum Masterpiece Rodimus Convoy ( Rodimus Prime) / Hot Rodimus (Hot Rod).
Meng Meenung zu dëser Figur ass iwerraschenderweis extrem Positiv vor allem wann een déi éischt Versioun dovunner huet, ass dëss Versioun trotz dass ën méi Kleng an keng Gummipneuen enthält, een groussen Upgrade vun dësem Charakter. An ass een Muss fir all Hot Rodimus (Hot Rod) Fan.