Generations Combiner Wars Bruticus

Den Generations Combiner Wars Bruticus besteet Haapsächlech aus Repaints oder Extrem Remolds wéi den Blast Off ass een Repaint vum Quickslinger vun den Aerialbots an den Vortex ass den Repaint vum Alpha Bravo deen an der éischter Well vun den Aerialbots erauskoum. Den Blast Off hingéigend krëtt een komplett neien Mold an der TakaraTomy Unite Warriors Bruticus Giftset versioun.
Den Swindle ass een extrem Remold vum Hasbro Protectobot Rook, seng Verwandlung mëscht richteg Spass muss ech soen. Den Brawl ass déi eenzeg Figur am Set déi komplett néi an originell an den Combaticons ass. An den Onslaught ass een Remold vum Protectobot Hot Spot. Mee ech fannen den Onlaught ass déi beschten Versioun also menger Meenung no. Souwuel an den Figuren als och an den Vehicle Form sin einfach nëmmen mega Detailer dropgepucht gin, ët ass einfach nëmmen impressionant.
An der Kombinéierter Form also als Bruticus, gesäit hien nik schlecht aus just ë beschen steif mee daat kann een mat Third Party Upgrades wéi Perfect Effect Kits verbesseren, mee ech wees just nik wéi stabil Figur dann nach ass, mee sie gesinn dann nach wirklech besser aus. Waat just schued fannen dass hien vun Fir genial ausgesäit mee hannen feelt him an Mass…

Iwert mëch

Salut alleguerten ech sin den Jazz an sin 1983 gebueren. Mein éischten Transformer woar den G1 Ultra Magnus deen ech Kleeserschestdaach 1985 demols vun menger Tatta kruet haat, an vun do waar ech een groussen Transformers Fan geweegt leider waar den doud vun den Transformers demols geweegt als Beast Wars bis Beast Machines op Telé gelaaf woar an ebensou Spillsaachen demols an den Rayon koum sin…
Joer 2000 woar meng Renaissance vum Transformers Fan Dosinns komm als ech op der Belger Plage an engem klengen Geschäft den Transformers Robots in Disguise Ultra Magnus gesin haat an gesin hun dass se rëm op déi aal Wurzelen lues zreck komm sin. Well ech awer demols schon e beschen ze aal woar fir domatter nach ze spillen hun ech doropshin entschloss Sammler ze gin an Sammlen vun 2000 un bis elo an ebensou wéider.
Trotz dass den Ultra Magnus deen Charakter geweegt ass wou ech Fan mat Transformers gouf sin ass hien nik méin lieblengs Charakter sondern den Jazz an den Cliffjumper, vun der Decepticons Säit sin ët den Devastator an den Starscream.
Mëch gesäit een och op verschidden Eventer zu Lëtzebuerg wéi Festival BD Contern, C.O.N.S, Anilux.lu Treffen an Gaming Café.

Transformers The Movie DVD Vergléicher

Héi sin déi dräi DVDen déi ech zu mindest am menger Sammlung hun déi éischt ass UK Meverick Entertainment LImited Editioun aus dem Joer 2001 an beinhaltet een klengen awer Epischen Interview vun Fans an Promineter esou wéi den Simon Furman an méi déi iwer Transformers schwätzen an dann huet dëss DVD den Transformers The Movie Film am 4:3 an Qualitéit vum Bild wéi ën am Kino gewissen gouf, kurz gesoet onverännert.

Dono koum Rhino Home Video mat enger Remastered Versioun vum Film, leider just op Zone 1 an dësser DVD haat een den Film dran an een Interview mam Vince DiCola, mee daat woar ët och schon an a mengen Aan  war ech demols an och elo nach ë beschen Ëntäuscht vun der Zesummenstellung well den Titel Special Collector’s Edition drop stung an huet een méi dovunner erwaart…

An 2006 koum an mengen Aan déi beschten Transformers The Movie Ëmsetzung eraus an zwar gouf se komplett Iwerarbëscht an Restored vun Nelson Shin an dem restlechem Team vum Transformers The Movie vun demols. Dëss Versioun haat nik nëmmen een Geniaen DVD Cover gezeeschend vum Don Figueroa, nee sie haat fir déischte kéier eng 16:9 Versioun dobäi natierlech ass och eng 4:3 Versioun an dëser DVD dran geweegt, leider koum dëss gäil !emmsetzung och nëmmen op Zone 1 eraus.
Och am Bonus Material gouf an dëser Versioun nik gespuert ët goufen néi Interviews gemaach an drangepresst an ët huet een nach ë puer Bonus Features déi richteg Spass maachen op se zou ze greifen.

Am goussen an ganzen ass mein groussen Favorite einfach 2006 Editioun schon alleng weinst der 16:9 Versioun an ech hoffen 2016 kënnt eng gudd Blu-Ray Ëmsetzung vum Film.

Generations Combiner Wars Leader Starscream

Den Generations Combiner Wars Leader Starscream ass juste een Repaint vum Generations Combiner Wars Thundercracker, mee allebeid sind se een Remold vum Generations Jetfire. Den Leader Starscream kënnt mat allem waat den Thundercracker och huet, mee kënnt mat der Ikonëscher Starscream Kroun, déi séin Debut am Animatiounsfilm Transformers The Movie gemaach huet. Trotz dass dëss Figur keng Balljoints huet ass se extrem mobil an ët kann een se och an e puer Posen stellen just nik esou dynamesch wéi Balljoint Figuren. Waat mëch awer ë beschen grübeln léist woar de Punkt dass d’Axe vun den Been extrem wackeleg sin, an dass ech geduergt hun sie ass an der Verpackung schon kapott gaangen, mee ët schengt nik esou ze sin, kann sin dass ët wéi mam TakaraTomy Masterpiece Skywarp geschidd ass dass Fabrikanten einfach nëmmen daat bëllegst vum bëllegsten vun Material geholl hun fir dëss Figur. An ët schweifft mir nach béisses wann den Generations Combiner Wars Leader Skywarp nach méi schlecht Qualitéit huet wéi den Leader Starscream…
Mee fir zreck op Figur ze kommen Kroun gët an engt kleng Lach uwen op der Stir befestegt sou dass se nik verutscht an hält. Als Flieeger gesäit hien nik schlecht aus mee ët gët besser Starscream Molds muss ech awer dann schon soen déi dann besser ausgesin an mengen Aan.
Am groussen an ganzen ass ët awer trotz e puer schwächen en nik alt ze schlecht Figur, keen Muss awer och keng Figur wou ech oofroden géif.

 

Generations Combiner Wars Legends Skywarp

Den Generations Combiner Wars Legends Skywarp ass dëskéier juste een einfachen Repaint vum Generations Legends Starscream, mee hien gesäit einfach Genial aus, sou wéi den Starscream an den Thundercracker. Trotz dass den Skywarp eng Legends Figur ass huet hien extrem vill Bewegungsfräiheet dank den villen Balljoints.
Am groussen an Ganzen soen ech juste dass ët eng Figur ass déi elo keen Muss ass, mee dawert ass ze huelen schon alleng fir Standard Seekern ze kompletéieren.

Generations Combiner Wars Legends Rodimus

Den Generations Combiner Wars Legends Rodimus gesäit zwar Optësch nik schlecht aus mee kënnt esou nik an den Combiner Wars Comics fir. Hier ass och een Repaint an een Remold vum Generations Combiner Wars Legends Blackjack, deen indirekt een Member vun den Stunticons ass. Mee kommen mir zreck zum Rodimus, den Rodimus huet als eng Legends Figur voll Artikulatiounsméiglechkeeten. An well hien een Repaint vum Blackjack ass kann hien sech ebenfalls mam Generations Combiner Wars Leader Optimus Prime combinéieren.
An mengen Aan eng cool Figur mee well se elo nik esou an der Comic Reih fir kënnt an och een gleck soen ech juste ët ass keen Muss déi Figur ze hun.

Generations Combiner Wars Legends Warpath

Den Generations Combiner Wars Legends Warpath ass een Repaint an een Remold vum Generations Legends Megatron. Den Warpath kënnt mat engem neien Kappmold an gesäit nach besser aus als den Megatron deen méi aarmséilech gefirwt ass wéi den Warpath. Trotz dass daat eng Legends Figur ass, ass se extrem artikuléiert, sie huet iwerall Balljoints ausser den Kapp. Als Panzer kann een soguer den ierwegten Deel 360° dréinen.
Am groussen an ganzen fannen  ech dëss ass eng genial Repaint ëmsetzung zum Original.

Transformers Combiner Hunters

Trotz dass dësst een One Shoter geweegt woar muss ech soen war ech e beschen Ëntäuscht vor allem d’Enn ass e beschen schell an abrubt geendet. Geschicht spillt sech oof no den Combiner Wars Comics. Zeeschnerësch ass et een echten Festschmaus muss ech soen mee an mengen Aan hätt dësen One Shoter einfach méi Säiten gehaat hun fir dass ën richteg Epësch gin wär.

Q Transformers Staffel 1

Q Transformers Staffel 1 besteht aus 13 Episoden déi zwar extrem Witzeg sin an knuffeg mee op der Blu-Ray an op der DVD sin keng Englësch Ënnertiteln drop…An daat op den Episoden an Bonus Material. Blu-Ray Editioun huet méi Bonus Features wéi DVD Versioun. Ët huet een op der Blu-Ray Versioun
mol wéi ëmmer Serie, Serie mat Kommentarer vun den diversen Artisten déi déi Serie méiglech gemach hun, dann huet een 2 Behind the schene an een Interview vun den Voice Actoren, Opening Musik därf nik fehlen an zu gudd erletzt ass een Lets Play zu der Japanescher Q Transformers App Spill.
Menger Meenung ass just
dëss ass just eppes fir Hardcore Fans an nik wirklech Einsteiger geduergt es sei denn sie kënnen Japanesch.

Transformers Windblade Vol 2

Transformers Windblade Vol 2 ass an zwee Kapitelen opgebaut, an zwar hëllt Combiner War Kapitel 4 Issues an, an dono geet Geschicht sengem normalen Laaf rëm firun. Vor allem déi dräi läschst Comics gefällen mir am beschten well éischtens Zeeschnerësch gesäit et vill besser aus ët huet een lieschten Kim Possible Touch dran. An den läschten dräi Issues, geet och Abenteuer weider dass den Starscream an Windblade verluerengegleeften Cybertronian Colonien rëmzefannen duerch dem Metroplex Spacebridge an eng Democratie opzebauen an ebenfalls Cybertron rëm nees vun den Schueden vum langwieregen Krisch opzebauen.

Transformers Combiner Wars

Transformers Combiner Wars war fir eng Spillsachbaséiernd Comic Reih ganz gudd geschriwen mee ech fannen sie haat een lamentabelen Een gehaat… Combiner Wars woar ënnerdeelt an der Robots in Disguise, Windblade Vol 2 an hier eegen Serie.
Ech kann leider nik esou vill iwer dësen Kapitel soen well ech fonnt ët woar einfach nëmmen éischter eng Serie fir Toygammen ze promouten an nik fir eng méi déiwgrënneg Geschicht ze schreiwen, den John Barber huet zwar gudd Arbëscht geleegt den Zwiespalt vun den Bewunner vun Cybertron an den Carmien zem maachen déi an een Krieg geroden sin vun den Combiners déi den Starscream dirigéiert haat, mee leider war ët einfach ze schwéier an mengen Aan daat ganzt gudd ze verbannen…Jo an ët huet einfach ze abrupt geennt mee daat woar doweinst well den den Hype vun der Toyline esou gudd ewéi ferdeg woar.
Mee bei Machinima ass schon eng TV Serie zu Transformers Combiner Wars an der Maach, ech zu mengen Deel hoffen dass déi besser ass an dass Kämpf nik esou schnell ferdeg sin.

Transformers: Drift – Empire of Stone

Transformers: Drift – Empire of Stone erzielt Geschicht vum Drift nodeem hien vun dem Autobot Schëff Lost Light verbannt gouf, hien flidd vun Planéit zu Planéit fir Decepticons déi nik bekäppen dass den féier Milliounen Krisch zwëschen Autobots an Decepticons riwer ass. Enges daachs trëfft hien den Ratchet deen hien duerch ganz Galaxy gesicht huet fir hien zreck op Lost Light ze brengen. Als den Drift eng Band vun Decepticons zum Galactic Council iwergin fir hier taten hun zwee sech awer berret erklärt Infomatiounen zu engem Decepticon Versteck fräi ze gin fir dem Galactic Council ze ëmgoen. Als d’Infoen eraus woaren konnt den Drift ët nik faasen well hien deen Planéit kannt huet vun sengem fréieren Ego Deadlock an vun do fängt Abenteuer och un.
Ech muss soen den Shane McCarthy huet sech méi gemaach den Drift mol e beschen méi Badass ze maachen an dem ganzen Comic mee Geschicht ass elo nik wirklech esou dass ech ët engem keint recommandéieren ze lesen.