Masterpiece Hot Rodimus

Den Masterpiece Hot Rodimus och bekannt am Transformers The Movie als Hot Rod ass wirklech eng cook an verbessert Versioun vum Masterpiece Rodimus Convoy deen och als Hot Rodimus sech verwandeln konnt. Den neien Masterpiece Hot Rodimus kënnt mat ë puer Gimmicks aus dem Transformers The Movie, Fëschaangel, seng Handsee sein Visor an hien kann soguer Matrix of Leadership vum MP10 Convoy an sein Broschtkuerw maachen. Verdéischt hun ech geduergt sein Reck géif dem Roboter schueden, Trotz dass ët nik total ideal ass kënnt ët dem Hot Rod aus dem Transformers The Movie vill méi no an hien ass vill méi Robust wéi déi éischt Versioun vum Masterpiece Rodimus Convoy ( Rodimus Prime) / Hot Rodimus (Hot Rod).
Meng Meenung zu dëser Figur ass iwerraschenderweis extrem Positiv vor allem wann een déi éischt Versioun dovunner huet, ass dëss Versioun trotz dass ën méi Kleng an keng Gummipneuen enthält, een groussen Upgrade vun dësem Charakter. An ass een Muss fir all Hot Rodimus (Hot Rod) Fan.

Classics, Universe 2008/2009 & Botcon 2007 Seekers

Hei sin all Seekers vun verschiddenen Spillsaach Serien an enger Reih. Enner dessen Seekers sin der aus der Classic, Universe 2008/2009 an Botcon 2007 Serie vorhanden.
Den Universe 2008/2009 Starscream ofgebildet. Desen Mold gouf als eischte Keier an der Classic Serie opgeluergt wou hien een mei modernen Foarw Look kruet an haat och een Rubbersticker wei een se an der G1 Spillsach Serie kennt. Classic Versioun haat och keen deischter groet Gesicht gehaat. An der Universe 2008/2009 Serie kruet den Starscream Gesicht endlech deischter Gro gefierwt an kruet och een G1 Foarwschema. Awer reischten no der Henkei Versioun.
Den Botcon 2007 Thundercracker ofgebildet. Hien ass een Repaint vum Starscream an eng extrem limiteiert Versioun demols geweegt, mee sie koum een Joer mei spéid als Henkei Spillsaach Serie eraus an woar net mei just een Botcon 2007 Exclusive…Hien kennt elo nachengkeier an der Generations Serie eraus mat engem G1 noen Foarwschema.
Den Classic Skywarp ofgebildet, deen nemmen an engem Zweerpack mam Classic Ultra Magnus ze kreien woar. Hien ass wei och den Botcon 2007 Thundercracker een Repaint vum Classic Starscream, hien ass awer ebenfalls nei opgeluergt gin an der Henkei Serie mat engem mei hellen Violet an mat engen G1 Foarwschema.
Den Classic Ramjet ofgebildet, hien ass een Repaint vum Classic Starscream mee huet een neien Kap kruet. Hien gouf ebensou an der Henkei Serie nei opgeluergt mat dem G1 Foarwschema. Trotzdem fannen ech dess Versioun mei schein well Classic Versioun een eegenen Comic kruet huet, den IDW Spotlight Ramjet, do woar den Classic Foarwschema ze gesinn.
Den Botcon 2007 Dirge ofgebildet, hien ass een Repaint vum Classic Ramjet an ass ebenfalls extrem limiteiert an et krett een en just an der Botcon Versioun esou well hien koum méi spéid an der Henkei Serie eraus mee huet nei Flilliken kruet well den Botcon 2007 Dirge ass een 1 zu 1 Ramjet mat aaneren Foarwen. Hien ass ebenfalls an der Generations Serie mat den Henkei Flilliken erauskomm.
Den Botcon 2007 Thrust ofgebildet, hien ass een Repaint vum Classic Ramjet mee huet als eezegen aus der Botcon 2007 Seekers nei Flilliken kruet an ass ebenfalls eenmaleg, trotz dass en an der Henkei an, an der Generations Serie erauskomm ass, well Henkei Versioun kann een Flillikdüsen erofhuelen an dei vun der Botcon 2007 Version sin se fest modeléiert un den Flilliken.

TFCC Exclusive Punch/Counterpunch

Den Transformers Collectors Club Exclusive Figur Punch/Counterpunch. Desst Figur ass extrem limiteiert geweegt ech sin mer net mei ganz secher mee ech mengen deen eischten Stouss woar +/- 300 Steck, mei spéit koum nach engkeier een Stouss vun +/- 300 Steck wou een awer just nach een pro Kap bestellen konnt an och just dei, dei beim éischten Stouss keen ofbekoumen konnten. Des Figur ass een Repaint vum Universe 2008/2009 Sunstreaker mee huet awer een neien Kap sculpteiert kruet, deen zwar e besschen kleng geroeden ass. Dat ierwegt Steck vum Kap kann een erop oder erofklappen an kann esou dem Punch oder dem Counterpunch Gesicht freimachen oder verdecken.
An mengen Aan nach ëmmer een vun den beschten Transformers Collectors Club Exclusive Figur déi erauskomm ass.

Masterpiece Ironhide

Den TakaraTomy Masterpiece Ironhide ass wann ech soen därf no langer Zäit rëm een Transformer deen dem Titel Masterpiece gerechtfertegt. Hien huet soguer ë beschen Diecast Stecker und den Féiss. An vun allen Masterpiece Figuren ass hien am moment déi Figur, déi am meeschten Accessoire dobäi huet déi och vun der G1 TV Cartoon Serie firkomm sin. Hien kënn och mat zwee Gesichtmimicken. Hien huet als Van och e puer G1 Toy Gimmicks wéi den G1 oder besser gesoet Diaclone Gesicht deen fir ze gesin ass. An hien kënnt och mat enger Waffen Plattform déi an der G1 Figur een deel vum Van woar wou hien seng Waffen konnt stockéieren an op der Masterpiece Versioun all seng Waffen stockéieren kann inklusive den Jetpack.
Fir een Offizielt Transformers Produkt muss ech just soen dass den Masterpiece Ironhide den Ultimativen Ironhide ass am moment an freen mech och schon op den Repaint Masterpiece Ratchet.

Generations Combiner Wars Sky Reign

Den Generations Combiner Wars Sky Reign besteet aus dem Generations Combiner Wars Wheeljack, Hound, Sky Lynx, Smokescreen an dem Trailbreaker. Mee bevor mier zum Sky Reign kommen, kucken mier verdéischt déi eenzeln Figuren un. Den Wheeljack ass een Remold an Repaint vum Generations Combiner Wars Breakdown deen zu den Stunticons gehéiert just sou als kleng Info. Den Whelljack gefällt mir perseinlech besser an senger Alt Form also Auto Form wéi als Roboter well hien sougudd wéi keng Detailer bemolt huet, nik am geigensatz zu der Versioun déi um Reck vun der Verpackung ze fannen ass…Ebenfalls den Hound kënnt mat engem déischteren Greng, mee um Reck vun der Verpackung gesäit hien vill méi Badass aus well ën do méi Oliven Matt Greng markéiert ass…Mee bon ët huet een elo dëss Greng do kann een elo nik méi vill maachen… Figur ausser elo oofgesin vun der schlechter Foarwgebung ass Top an ass een Repaint an Remold vum Generations Combiner Wars Swindle vun den Combaticons deen schon selwer een extrem Remold vum Generations Combiner Wars Rook ass vun den Protectobots. Den Sky Lynx ass klassesch also vun senger G1 Form gehaalen gin mee trotzdem och modern. Hien ass deen eezegen deen an der Crew deen néi dobäi koum ass also keen Repaint vun dem an deem. Ween den G1 Sky Lynx kennt wees dass een deel vun him och eng Tiger Form huet mee doropp kommen mier dono. Den Sky Lynx kann sech och als Spaceshuttle verwandeln an kombinéierter Form ass Tiger Form dobaussen also den Sky Reign. Den Smokescreen ass eigentlech een Repaint vum Generations Combiner Wars Dead End oder besser gesoet vum Generations Combiner Wars Prowl, well een leider bei him nach Sirenen um Daach gesäit waat ech schued fannen dass se déi nik ëweg gemaach hun fir den Smokescreen… Bei him sin och vill Detailer vorhanden vor allem gefällt mir dass seng Schrottflint soguer Läscher an der Waff huet genausou wéi Waff vum Hound. Den Trailbreaker wou een woulgemierkt gesäit Trailbreaker an nik Trailcutter wéi IDW Generations Versioun trotz dass eigentlech ët déi gläich Persoun ass. Den Trailbreaker ass een Repaint an Remold vum Generations Combiner Wars Stunticon Offroad ass mee hien huet och een neien rechsen Arm kruet also éischter eng Waff.
Sou an elo zum Sky Reign, hien ass eng zesummensetzung vun allen 5 Figuren. An sech keng schlecht Figur, kann awer och just mein Torso sin mee hien ass liecht Klesper an der Kombinéierter Form dowéinst hun ech se rëm an hier urspüngleg Formen transforméiert.
Mein Fazit also an sech eng cool Figur mee ech fannen an der Generations Combiner Wars Reih gin ët wesentlech besser Figuren wéi den Superion an den Bruticus, mee daat ass meng Meenung dozou.

TakaraTomy Transformers Animated Schlësselunhängeren

TakaraTomy’s Transformers Animated Schlësselunhängeren sin alleguerten voll an detailéierreich bemolt. Schlësselunhängeren sin kleng Chibi Figuren aus erstklassegem PVC souwuel haardem als och béisamen Plastik. An der Serie sin Den Bumblebee, Ratchet, Optimus Prime, Bulkhead, Prowl an den Starscream. Ech perseinlech fannen sie einfach nëmmen mega an ass een Muss fir all Transformers Fans.

Generations Combiner Wars Legends Shockwave

Den Generations Combiner Wars Legends Shockwave ass mol rëm nees eng komplett néi Figur, keen Repaint vun iergend enger aanerer Figur an och keen Remold. Awer sie ass wéi den Generations Combiner Wars Powerglide oder Bombshell eng Waff fir een vun den Combiner Transformers aus der Serie Combiner Wars. Den Legends Shockwave ass gehéiert omfong zou den Combaticons, hien kann als Waffcargo fir den Onslaught oder als Waff fir den Bruticus benotzt gin an ass eng Hommage  zu der G1 Cartoon Episode wou den Bruticus den Shockwave op dem Planéit Cybertron als Waff benotzt haat fir geint den Megatron ze goen.
Am groussen an ganzen ass ët eng saucool Figur an erfrëschend emol rëm eng orginell Figur an der Toyline ze hun an kann se alleguerten empfehlen vor allem wann een den Generations Combiner Wars Bruticus huet.

Generations Combiner Wars Legends Chop Shop

Den Generations Combiner Wars Chop Shop ass een Repaint an lichten Remold vum Generations Skrapnel, hien huet just een neien Kapp kruet, deem dem G1 Chop Shop gläich kënnt. Den Chop Shop woar zwar schon engkéier als Waff vum Legends Megatron an der Generations Serie erauskomm. Mee ech perseinlech fannen hien an dëser Form awer vill besser an gesäit genausou cool aus wéi den Skrapnel. An een Muss fir all Insecticons Fan.

Q Transformers Staffel 2 Limitéiert Editioun mat Musik CD

Q Transformers Staffel 2 kënnt als Standard an als Limitéiert Versioun op DVD oder Blu-Ray eraus, an der Limitéierter Editioun ass nach eng Musik CD dobäi déi den ganzen BGM Soundtrack vun der néi Oplach vun dem Famicom Spill The Mystery of Convoy daat awer just um Japanëschem App Store erauskoum woar, beinhaltet an ebensou och nach ë puer gesongen Lidder wéi ënner aanerem den Staffel 2 Ending Theme.
Staffel 2 Blu-Ray huet just eng Dauer vun 45 Minuten an beinhaltet 13 Episoden. Bild ass 16:9 mee leider huet ët wéi déi éischte Staffel keng Englësch Ënnertiteln…Ech perseinlech verstin keen Japanësch, mee déi Serie därf an kenger Blu-Ray Sammlung Fehlen vor allem weinst dem Soundtrack nik, ët lount sech, hien ass kurz 39 Minuten am ganzen dauert ën un, mee hien ass wirklech Top an ass am 8 Bit Style gehaalen ausser elo déi 4 Gesongen Tracks.

C.O.N.S. VIII Déi Ultimative Däitsch Transformers Fan Convention

Salut Alleguerten héi ass een klengen Annoncement zu enger Däitscher oder déi Ultimativst Transformers Fan Convention aus Benelux. Sie fënnt um 09. Oktober 2016 um 11:00 bis 18:00 Auer statt. Wou ass ët ma am Koplinghaus – Ostring 33 – 41749 Viersen/Süchteln – Däitschland natierlech.
Fir méi Informatiounen gidd op http://www.ntf-cons.de, do kënnt der och schon Firverkaafsantrëttskaarten bestellen.

Vielleicht gesäit een sech do.

 

Generations Combiner Wars Leader Skywarp

Den Transformers Generations Combiner Wars Leader Skywarp kann een eigentlech nik wirklech vill schreiwen ausser dass hien een Repaint vum Combiner Wars Thundercracker an Starscream. Mee ech muss awer soen hien gesäit richteg cool aus somols mat dem knallëschen an agressiven Violetten Toun an dem neutralen Schwarz. Wéi och bei deen aaneren kann den Skywarp sein Cockpit opmaachen an ën ass och recht detailéiert gemoldet.
An sech eng cool Figur mee ech muss soen ët ass just fir Hardcore Fans somols wann een bedengt ët ass dräi mol den nämlechten Mold just aaneschters bemolt. Just den Starscream kënnt nach mat der Ikonëscher Starscream Kroun.